Och Suen hannerloosse Spueren

Show notes

Geld huet en Impakt. Dees ass ee sech an der Banken- a Finanzwelt mëttlerweil bewosst. Mee wéi beaflosst d’Thema Nohaltegkeet dës Beräicher an Zukunft? Wéi evitéiert ee Greenwashing a belount déi, di sech wierklech dru ginn? A wou kënnt déi sozial Verantwortung mat an d’Spill?

Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat dräi Invitéë vum Scientific Advisory Board vun der Spuerkeess. D'Nathalie Roth vu 4Climate ass schonn 20 Joer laang aktiv am Beräich Ëmwelt a Finanzen, d'Jenny de Nijs ass am Finanzministère responsabel fir nohalteg Finanzen, an den Dr. Félix Urbain ass Innovatiounsberoder a Projektentwéckler, ënner anerem fir d'EU-Kommissioun.

Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.