Luxembourg Stock Exchange

Show notes

D'Boursen als Handelsplaze gëtt et schonn zanter Joerhonnerten. D'Pabeiere ginn hautdesdaags awer net nëmmen anescht echangéiert, mee och d'Roll vun der klassescher Bourse huet evoluéiert. Wéi kann sech d'Lëtzebuerger Bourse am internationale Verglach nach demarkéieren, wéi eng Tendenze wäerten an Zukunft dominéieren a wéi wichteg sinn Daten dobäi?⁣⁣⁣ ⁣⁣⁣ De Bryan Ferrari schwätzt mat sengen dräi Invitéen am Detail driwwer. De Carlo Oly ass fir de Relationship Management beim Luxembourg Stock Exchange responsabel. De Raphael Duarte ass Portfolio Manager an Analyst bei CapitalAtWork vum Groupe Foyer. De Julien Kohn ass bei der Spuerkeess mat zoustänneg fir de Bond-Portefeuille vun der Bank. ⁣⁣⁣ ⁣⁣⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.