Liewenszyklus vu Startups

Show notes

Och zu Lëtzebuerg gëtt et ëmmer méi Success Stories bei de Startups. Starten ass déi eng Saach, sech weiderentwéckelen eng aner. Wou fënnt een de Finanzement, fir kënnen ze wuessen? Ass de Lëtzebuerger Ekosystem op der Héicht, fir potenzielle Grënner e fruchtbare Buedem fir hir Entreprise ze proposéieren? Firwat zitt et vill Entrepreneuren an d'USA, a wéi eng Hürde gëtt et op europäeschem Plang? ⁣ ⁣ De Bryan Ferrari fillt sengen dräi Invitéen aus der Startup-Zeen op den Zant. De Christophe Folschette ass ee vun de Grënner vun Talkwalker an de Jacques Lorang ass Grënner an Direkter vu Luxcaddy. Béid si Conseilsmember bei startups.lu. De Philippe Linster ass Direkter vum House of Startups.

Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣⁣

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.