Chancen a Risike vum Investéieren

Show notes

Et soll ee keng Angscht virum Investéieren hunn, mee och net blann drop lass handelen. D'Bank ass e wichtege Beroder, wann een säi Geld op eng iwwerluechte Manéier an effikass wëll schaffe loossen. ⁣⁣ ⁣⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen, déi Expert an der Matière sinn. Den Nick Huberty ass Deel vun der Ekipp, déi der Spuerkeess hiren Investmentportfolio geréiert. De Julien Ensch ass Responsbel vum Client Relationship Management beim Asset Management vun der Spuerkeess. An den Thierry Abdiu ass Conseiller am Private Banking fir d'Spuerkeess um Kierchbierg.⁣⁣ ⁣⁣ Disclaimer : D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.