Energie am Wandel

Show notes

Lëtzebuerg an Europa hunn d'Weiche fir d'Energietransitioun scho laang gestallt. Mee wat genee soll mam Wiessel eriwwer op erneierbar Ressourcen erreecht ginn, a wéi eng Schrëtt si mëttel- a laangfristeg geplangt, fir d'Erausfuerderungen ze meeschteren an dat éiergäizegt Zil och wierklech ze erreechen?⁣ ⁣ Iwwer den "Big Picture" a konkret Mesuren diskutéiert de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Anne Calteux vertrëtt déi Europäesch Kommissioun zu Lëtzebuerg, fir Europa méi no un d'Bierger·innen an d'Autoritéiten ze bréngen. De Fenn Faber ass Direkter vun der Klima-Agence, déi national Struktur fir gesellschaftlech Acteur·ricen an der Energietransitioun ze begleeden. De Steve Heinen ass Direkter bei EY am Beräich Digital Grid, woubäi et drëms geet, déi nei Energië mat neien Technologien ze verbannen.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.