Erausfuerderungen am Entreprenariat
Show notes
Kleng a mëttelstännesch Betriber sinn d'Réckgrat vun der Ekonomie, woubäi déi sougenannte Startups de Motor vun der Innovatioun sinn. Mee wien sech op eege Fauscht lancéiere wëll, geet zu Lëtzebuerg e Wee, deen nach ëmmer éischter d'Ausnam ass. Donieft huet een eng sëllegen Hürden ze huelen. Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Patrick Kersten ass Grënner vun Doctena a vun Athome.lu, a begleet respektiv beréit ganz vill Startups. Den Tom Michels ass ee vu fënnef Grënner vu Salonkee, engem Service fir online ze buche bei Coiffeuren a Beauty-, Massage- a Wellnesssalonen. De Marc Wagener ass bei der Chambre de Commerce en charge fir den Entrepreneurship. Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.
New comment