All episodes

Gouvernance an der Praxis (hors-série 2/3)

Gouvernance an der Praxis (hors-série 2/3)

42m 36s

Eng Organisatioun, eng Entreprise an och de Staat brauche Reegelen, déi festleeën, op wéi eng Manéier a firwat Decisioune getraff ginn. Mat der sougenannter Gouvernance soll de Kader dofir gesat ginn. Firwat ass si besonnesch hautdesdaags esou wichteg, a wéi eng Zorte gëtt et? Funktionéiert dëst an all Secteur anescht, a wou leien d'Geforen, wann d'Gouvernance net konsequent duerchgefouert gëtt? 

De Bryan Ferrari pléckt de Sujet mat sengen dräi Invitéen auserneen. D'Stéphanie Damgé ass Directrice vum Beräich Entrepreneurship bei der Chambre de Commerce an Directrice vun der House of Entrepreneurship. Den Tom Wirion ass Generaldirekter vun der Chambre des...

Alles ronderëm de Bilan

Alles ronderëm de Bilan

45m 32s

Och wann alles am Detail schwaarz op wäiss opgelëscht ass, kann et fir ontrainéiert Ae schwiereg sinn, de Bilan vun enger Entreprise ze dechiffréieren. De Bryan Ferrari pléckt mat sengen dräi Invitéen déi wichtegst Aspekter vun dësem Dokument auserneen. Et gëtt dobäi theoretesch a praktesch Ablécker dran, wat dës Informatiounen aussoen, wat Lëtzebuerg an Europa vum Rescht vun der Welt ënnerscheet, a wat alles mat afléisse muss, fir enger Entreprise de Bols kënnen ze fillen.⁣⁣
⁣⁣
D'Maryam Khabirpour ass Associée am Audit bei Deloitte. De Laurent Nittler ass Associate Director am Corporate Banking bei der China Construction Bank. Den Yves...

Typologie des fraudes (hors-série 1/3)

Typologie des fraudes (hors-série 1/3)

42m 0s

Les cyberattaques et les fraudes financières évoluent rapidement. Dans ce premier chapitre d'une série de trois épisodes hors-série, nous mettons en lumière les défis spécifiques auxquels sont confrontées les institutions financières au Luxembourg et en Europe. Bryan Ferrari et ses trois invité discutent des méthodes de prévention et de détection, du rôle clé de l’ABBL, ainsi que des opportunités et risques liés à l’utilisation de l’IA pour renforcer la résilience face à ces menaces. Des exemples concrets viendront illustrer les impacts sur les victimes et les stratégies de protection mises en place.⁣

Camille Seillès est Secrétaire général de l'Association des...

Demystifying the Digital Euro

Demystifying the Digital Euro

49m 9s

What is the Digital Euro, and how might it reshape the European financial landscape? With the European Central Bank spearheading initiatives, questions arise about its goals, impact, and feasibility in a world of rapid technological transformation. Host Bryan Ferrari welcomes three experts to explore the vision for its implementation, from retail and wholesale applications to economic and regulatory implications.⁣⁣
⁣⁣
Sven Conter is in charge of the customer desk at the Financial Markets department at Spuerkeess. Johannes Sedlmeir is a postdoctoral researcher at the Interdisciplinary Centre for Security, Reliability and Trust (SnT), focusing on blockchain technology and digital identity systems....

Wat dreift d'Maartdynamik?

Wat dreift d'Maartdynamik?

51m 11s

Wéi beaflosse global politesch a wirtschaftlech Evenementer déi aktuell Finanzmäert? An dësem Episod kuckt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen op déi rezent Entwécklunge bei den US-Walen an hire potenziellen Impakt op d'Boursen, analyséiert d'Goldpräisser an d'Zënspolitik, geheit e Bléck op China an thematiséiert den Opstig vum indeschen Aktiemaart.

Den Nick Huberty an de Julien Kohn sinn Deel vun der Ekipp, déi der Spuerkeess hiren Investmentportfolio geréiert. De Julien Ensch ass Responsabele vum Client Relationship Management beim Asset Management vun der Spuerkeess.

Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer...

De l'école au marché

De l'école au marché

49m 30s

Le monde est en constante évolution et il en va de même pour les domaines de la finance et de l'économie. Mais comment font ceux·celles qui forment les demandeur·ses d'emploi de demain pour non seulement rendre le Luxembourg attirant, mais aussi pour rester dans l'air du temps et proposer une formation, qui prépare ses diplômé·es aux prochaines 20 années du marché ?

Bryan Ferrari parle de tous les challenge auxquels font – et vont faire – face les écoles ainsi que les recruteur·ses à l'âge de l'intelligence artificielle avec ses trois invité·e·s. Marin Njavro est le co-fondateur et directeur de la...

Energie am Wandel

Energie am Wandel

46m 31s

Lëtzebuerg an Europa hunn d'Weiche fir d'Energietransitioun scho laang gestallt. Mee wat genee soll mam Wiessel eriwwer op erneierbar Ressourcen erreecht ginn, a wéi eng Schrëtt si mëttel- a laangfristeg geplangt, fir d'Erausfuerderungen ze meeschteren an dat éiergäizegt Zil och wierklech ze erreechen?⁣

Iwwer den "Big Picture" a konkret Mesuren diskutéiert de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Anne Calteux vertrëtt déi Europäesch Kommissioun zu Lëtzebuerg, fir Europa méi no un d'Bierger·innen an d'Autoritéiten ze bréngen. De Fenn Faber ass Direkter vun der Klima-Agence, déi national Struktur fir gesellschaftlech Acteur·ricen an der Energietransitioun ze begleeden. De Steve Heinen ass...

Chancen a Risike vum Investéieren

Chancen a Risike vum Investéieren

39m 2s

Et soll ee keng Angscht virum Investéieren hunn, mee och net blann drop lass handelen. D'Bank ass e wichtege Beroder, wann een säi Geld op eng iwwerluechte Manéier an effikass wëll schaffe loossen. ⁣⁣
⁣⁣
Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen, déi Expert an der Matière sinn. Den Nick Huberty ass Deel vun der Ekipp, déi der Spuerkeess hiren Investmentportfolio geréiert. De Julien Ensch ass Responsbel vum Client Relationship Management beim Asset Management vun der Spuerkeess. An den Thierry Abdiu ass Conseiller am Private Banking fir d'Spuerkeess um Kierchbierg.⁣⁣
⁣⁣
Disclaimer : D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen...

Liewenszyklus vu Startups

Liewenszyklus vu Startups

48m 33s

Och zu Lëtzebuerg gëtt et ëmmer méi Success Stories bei de Startups. Starten ass déi eng Saach, sech weiderentwéckelen eng aner. Wou fënnt een de Finanzement, fir kënnen ze wuessen? Ass de Lëtzebuerger Ekosystem op der Héicht, fir potenzielle Grënner e fruchtbare Buedem fir hir Entreprise ze proposéieren? Firwat zitt et vill Entrepreneuren an d'USA, a wéi eng Hürde gëtt et op europäeschem Plang? ⁣

De Bryan Ferrari fillt sengen dräi Invitéen aus der Startup-Zeen op den Zant. De Christophe Folschette ass ee vun de Grënner vun Talkwalker an de Jacques Lorang ass Grënner an Direkter vu Luxcaddy. Béid...

Luxembourg Stock Exchange

Luxembourg Stock Exchange

37m 49s

D'Boursen als Handelsplaze gëtt et schonn zanter Joerhonnerten. D'Pabeiere ginn hautdesdaags awer net nëmmen anescht echangéiert, mee och d'Roll vun der klassescher Bourse huet evoluéiert. Wéi kann sech d'Lëtzebuerger Bourse am internationale Verglach nach demarkéieren, wéi eng Tendenze wäerten an Zukunft dominéieren a wéi wichteg sinn Daten dobäi?⁣⁣⁣
⁣⁣⁣
De Bryan Ferrari schwätzt mat sengen dräi Invitéen am Detail driwwer. De Carlo Oly ass fir de Relationship Management beim Luxembourg Stock Exchange responsabel. De Raphael Duarte ass Portfolio Manager an Analyst bei CapitalAtWork vum Groupe Foyer. De Julien Kohn ass bei der Spuerkeess mat zoustänneg fir de Bond-Portefeuille vun der...