
Laangfristeg investéiere mam ELTIF
De European Long-Term Investment Fund gouf vun der Europäescher Unioun an d'Liewe geruff, fir laangfristeg Investitiounen an Europa ze fërderen. Wéi eng Diere ginn domat fir privat Investisseuren opgemaach? A wéi profitéiert d'Wirtschaft op där anerer Säit vun dëser neier Méiglechkeet, fir Kapital ze bannen?
De Bryan Ferrari diskutéiert mat sengen dräi Invitéen am Detail zu dëse Froen. De Marc Meyers ass Associé an der Étude Loyens & Loeff, ass Responsabel fir d'Fongendepartement a gouf vun der Luxembourg Private Equity and Venture Capital Association (LPEA) invitéiert. Den David Zackenfels ass zanter 10 Joer Jurist beim Lëtzebuerger Fongverband ALFI a...