All episodes

Le monde des ETFs

Le monde des ETFs

39m 37s

Les Exchange Traded Funds sont des fonds indiciels qui cherchent à suivre fidèlement l'évolution des indices boursiers. Quelles sont les différentes catégories d'ETFs et quelle est la différence par rapport aux instruments financiers traditionnels ? Quels sont les risques associés à leur utilisation et les bonnes pratiques à adopter avant d'investir ?⁣⁣⁣
⁣⁣⁣
C'est ce dont discute Bryan Ferrari avec trois expert·e·s en la matière. Solène Garnavault de Fidelity International s'occupe du développement commercial des solutions ETF à Luxembourg. Antoine Perrier gère la distribution des ETFs sur le Luxembourg et la Belgique chez DWS, et Guillaume Dambrine de Franklin Templeton s'occupe de...

Kënschtlech Intelligenz verstoen

Kënschtlech Intelligenz verstoen

42m 14s

K.I. oder A.I., op Englesch, huet en neit Zäitalter agelaut. Wat fréier Science Fiction war, kéint geschwë scho Realitéit sinn: Maschinnen iwwertreffen de Mënsch, deen se gebaut a programméiert huet. Wat kann déi Intelligenz, déi kënschtlech geschaf gouf, bis ewell? Wéi eng Méiglechkeeten erginn sech doduerch an der Gesellschaft, a méi spezifesch am Banken- a Finanzwiesen? An iwwerweit den Notzen, deen de Mënsch doraus zitt, déi potenziell Geforen?⁣

Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Misch Strotz ass ee vun Fondateuren a CEO bei Neon Internet, enger Agence, déi sech fokusséiert op nei Trends an d'Medie...

The Age of Talent Magnetism

The Age of Talent Magnetism

44m 25s

Talent acquisition and retention have become more crucial than ever in today's competitive job market. With companies vying for the best candidates, it's essential to create the right workplace culture. In this episode in English language, we explore how companies can introduce and cultivate talent magnetism, and why it matters more than ever for business success.⁣

Bryan Ferrari welcomes three guests who are experts in this field. Prof. Dr. Marion Festing is Professor of Human Resource Management and Intercultural Leadership at ESCP Business School's Berlin campus. Lieven Lambrecht is the Head of HR at PwC Luxembourg. Jennifer Kearny is...

Volatilitéit op de Marchéen

Volatilitéit op de Marchéen

42m 40s

Vill Investisseuren hunn e relativ schlecht Joer hanneru sech. Wat huet 2022 esou aussergewéinlech gemaach, a wéi eng Entwécklungen hunn dofir gesuergt, dass et op de Marchéen zu engem sougenannten "perfect storm" koum?⁣⁣
⁣⁣
Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Aude Lemogne war Traderin zu New York a geréiert elo säin eegene Portefeuille. De Claude Arend schafft bei Intesa Sanpaolo Wealth Management a këmmert sech ëm privat Clienten. Den Nick Huberty schafft bei der Spuerkeess an der Salle des marchés an der Equipe, déi den eegenen Investmentportefeuille vun der Bank geréiert.⁣

Dësen Episod gouf de 14....

Sinn eis Banke sécher?

Sinn eis Banke sécher?

44m 24s

Silicon Valley Bank, Signature Bank, First Republic Bank. Déi rezent Failliten an den USA hunn op de Finanzmarchéë Schockwellen ausgeléist. Wéi stabil sinn d'Banken an Europa an zu Lëtzebuerg opgestalt? A goufen déi richteg Léieren aus fréiere Krise gezunn?⁣

Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Claude Wampach ass Direkter op der CSSF, der Commission de Surveillance du Secteur Financier, an ass verantwortlech fir d'Bankesurveillance. De Jerry Grbic ass CEO vun der ABBL, der Associatioun vun de Banken zu Lëtzebuerg, an de Claude Origer ass bei der Spuerkeess de Responsabele vun der Salle des marchés an...

Zënsen an Immobilien

Zënsen an Immobilien

37m 53s

De klasseschen Zënsmechanismus ass wichteg, fir d'Offer vu gespuerte Suen an Aklang ze brénge mat der Nofro no Investitiounen. Souwäit d'Theorie. Wat bedeit déi aktuell Hausse, nodeem d'Zënse jorelaang op engem historesch déiwen Niveau waren? A wéi en Afloss hu méi héich Zënsen op de Secteur vun den Immobilien zu Lëtzebuerg?⁣

Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Paul Nathan vun der Bauentreprise Poeckes ass och Vizepresident vun der Chambre des Métiers a vertrëtt d'Handwierk. De Jean-Paul Scheuren ass aktiv am Immobiliesecteur a President vun der Chambre immobilière. De Charles Pletsch ass Responsabel fir de Reseau...

Women in Finance

Women in Finance

42m 51s

Am éischten Episod vum neie Joer sinn d'Fraen am Mëttelpunkt. Wéi steet et an der Banken- a Finanzwelt ëm d'Gläichberechtegung? Ass et am Verglach zu fréier haut éischter eng Normalitéit, dass een onofhängeg vum Geschlecht säi Wee ka maachen? A wéi gëtt Diversitéit am professionellen Alldag gelieft?⁣

Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Nathalie Deltgen ass en charge vum Secrétariat général vun engem Single Family Office zu Lëtzebuerg an huet laang Joren am Bankesecteur geschafft. D'Lynn Alzin ass Partnerin am Finanz- a Kapitalmaartrecht bei Arendt & Medernach. D'Doris Engel ass Chief Financial Officer an och Member...

Banken- a Finanzwelt vu muer

Banken- a Finanzwelt vu muer

50m 11s

Am éischte Joer vum Podcast Evergreens goufe ganz vill verschidde Sujeten opgegraff. Fir den 12ten a leschten Episod vum Joer 2022 gëtt nach emol e Bléck op déi wichtegst Theme geheit, mee et ass méi wéi just e Réckbléck. Wéi eng Entwécklunge sinn 2023 an doriwwer eraus z'erwaarden, a wéi gutt sinn d'Marchéen a besonnesch och d'Lëtzebuerger Finanzplaz dorobber preparéiert?⁣

Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Françoise Thoma ass Generaldirectrice vun der Spuerkeess. De Philipp von Restorff ass den Deputy CEO vu Luxembourg For Finance, an de Jerry Grbic ass CEO vun der ABBL, der Associatioun...

Obligatiounen an hir Roll um Kapitalmaart

Obligatiounen an hir Roll um Kapitalmaart

43m 26s

No Aktien, Devisen a Private Equity geet et dës Kéier ëm eng vun de gréissten "classes d'actifs" fir z'investéieren. Wat sinn Obligatiounen eigentlech genee, wat sinn déi fundamental Ënnerscheeder par rapport zu aneren Aktiva a wie sinn déi grouss Acteuren?⁣

Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Carlo Oly ass responsabel fir de Relationship Management bei der Lëtzebuerger Bourse a war fréier zoustänneg fir d’Kotatioun vun den Obligatioune bei der Bourse. De Marc Dax ass schonn 30 Joer laang an de Finanzmarchéen aktiv an ass Broker fir Obligatioune bei der Firma Tradition. Den Nick Huberty schafft...

Prinzip a Potenzial vun Aktien

Prinzip a Potenzial vun Aktien

42m 43s

Aktien hunn net grad dat bescht Joer hanneru sech. An awer kéint dës wichteg classe d'actifs an Zukunft erëm u Bedeitung gewannen. Wat fir e Prinzip stécht hannert den Aktien? A wéi gesäit den Ecosystem ronderëm aus?⁣

Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Annick Maas ass schonn 10 Joer laang Aktienanalyst zu London mam Schwéierpunkt Medien. De Mike Reuter ass Aktienhändler bei Tradition zu London an huet mat institutionellen Investoren ze dinn. Den Nick Huberty schafft bei der Spuerkeess an der Equipe, déi d'Investment-Portefeuillë vun der Bank geréiert.⁣

Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam...