Cryptomania an den Notze vun digitale Wärungen
D'Pandemie huet den Opschwong vu Crypto-Geld befligelt. Mee nach ëmmer gëtt et vill Skepsis géintiwwer dësen Assets ouni physesch Substanz. Geet et hei ëm sënnlos Spekulatioun, wéi d'Kritiker behaapten, oder huet Crypto eng Zukunft am Mainstream?
Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Nadia Manzari ass Associée bei Schiltz & Schiltz an ass zoustänneg fir Finanzrecht a Finanztechnologien. De Christof Torres ass Doktorand op der Uni Lëtzebuerg an der TU München, an seng Dissertatioun befaasst sech mat der Sécherheetsanalyse vu Blockhain-Technologien, d.h. Crypto-Geld a Smart Contracts. De Jacques Weniger ass Associé bei Neon Internet, déi sech wärend...